Saturn (Planéit)
sechste Planéit vum Sonnesystem / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Saturn (planetaresch Symbol: ) ass vun der Sonn aus gesinn de sechste Planéit vum Sonnesystem a mat engem Equatorduerchmiesser vun zirka 120.500 Kilometer (9,5-fachen Äerdduerchmiesser) nom Jupiter den zweetgréissten. Mat 95 Äerdmassen huet hien awer nëmmen 30 % vun der Jupitermass. Wéinst senge Réng, déi ee schonn a klengen Teleskope gesäit gëtt hien dacks och de Rankplanéit genannt.
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
---|---|
Grouss Hallefachs | 9.5826 |
Exzentrizitéit | 0,05648 |
Perihel | 9,0412 |
Aphel | 10,1238 |
Bunnschréi | 2,484 Grad |
Ëmlafdauer | 29,457 d |
Oppositiounsintervall | 378,09 d |
Ëmlafvitess | 9,69 km/s |
Klengsten Ofstand zur Äerd | 7,991 AE |
Gréissten Ofstand zur Äerd | 11,086 AE |
Equatorduerchmiesser | 120.536 km |
Polduerchmiesser | 108.728 km |
Mass | ≈95 Äerdmassen 5,685 · 1026 |
Haaptbestanddeeler =
| |
Dicht | 0,687 g/cm3 |
Fluchtvitess | 35,5 km/s |
Rotatiounsperiod | 10 h 33 min s |
Achseschréi | 26,73° |
Albedo | 0,47 |
Maximal Visuell Hellegkeet | − 0,45m [1] |
Temperatur | 134 K (−139°C) |
De Saturn huet eng duerchschnëttlech Distanz zu der Sonn vun zirka 1,43 Milliarde Kilometer, seng Bunn verleeft tëscht där vum Jupiter an dem sonnewäitste Paneit, demUranus. Hien ass dee baussenzege Planéit, deen och mat bloussem A nach ze gesinn ass, a war dofir scho Joerdausende virun der Erfindung vum Teleskop bekannt.
Et ass ee Gasplanéit, deem seng ënnersicht iewescht Schichten zu ronn 96 % aus Waasserstoff bestinn, an dee vun alle Planéiten aus dem Sonnesystem déi mannst mëttel Dicht (ongeféier 0,69 g/cm³) huet. Vun den anere Planéiten hieft sech de Saturn duerch seng besonnesch markéiert a scho laang bekannt Réng of, déi zu groussen Deeler aus Waasseräis a Gestengs bestinn.
Säi visuelle Wénkelduerchmiesser läit jee no Äerddistanz tëscht 15″ an 20″, aner Réng tëscht 37″ an 46″. Déi sougenannt Equatorsträife vun de Wollekeschichte vum Saturn si manner däitlech wéi beim Jupiter, wat warscheinlech mat enger héichgelagerter Donstschicht zesummenhänkt.
Bis zum Joresenn 2009 goufen 62 Saturnmonden entdeckt. Dee mat Ofstand gréissten dovun ass den Titan mat 5.150 Kilometer Duerchmiesser.
De Planéit krut säin Numm nom réimesche Gott vum Räichtum an Ertrag, dem Saturn. Säin astronomescht Symbol ♄ representéiert d'stiliséiert d'Séissel vum Gott.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Saturnmounden.