Planéit
Himmelskierper deen sech ëm e Stär beweegt / From Wikipedia, the free encyclopedia
E Planéit ass en Himmelskierper deen net selwer liicht a sech an enger Kepler-Ëmlafbunn ëm e Stär beweegt. Den Numm staamt vum Griichesche "plánetes" a bedeit "déi doruechter wanderen" (Algriichesch de Wanderer (Planéit)). Fréier goufen d'Planéiten am Däitschen och als Wandelsterne bezeechent. Déi meescht Planéite vum Sonnesystem gi vu Mounden ëmkreest.
Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf den éischten Exoplanéit, e Planéit baussenzeg vum Sonnesystem entdeckt, an zwar den 51 Pegasi b deen ëm de Stär 51 Pegasi kreest. D'Zuel vun de bekannten Exoplanéiten ass zanter deem ëmmer méi grouss ginn.