Mound
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Mound (och Trabant oder natierleche Satellit genannt) ass een Himmelskierper, deen ee Planéit oder ee Planetoid an engem Sonnesystem ëmkreest.
De Planéit oder Planetoid ëmkreest zesumme mat sengem Mound, respektiv senge Mounden den zentrale Stär vum Sonnesystem.
D'Zuel am Eenzelen, mat de gréisste Mounde vun héchster op klengst Mass:
- De Merkur huet kee Mound
- D'Venus huet kee Mound
- D'Äerd huet 1 Mound
- Äerdmound, latäin.: Luna
- De Mars huet 2 Mounden, déi warscheinlech agefaange Planetoide sinn.
- De Jupiter huet 63 Mounden.
- De Saturn huet 56 Mounden.
- Den Uranus huet 27 Mounden.
- Titania
- Oberon
- Ariel
- Umbriel
- Miranda
- an nach weider 22 Mounden.
- Den Neptun huet 13 Mounden
- Triton
- an nach weider 12 Mounden.
Bei zwéin Zwergplanéite sinn och Trabanten entdeckt ginn.
- De Pluto figuréiert zanter dem Joer 2006 (Beschloss vun der I.A.U. net méi als Planéit, mä als Zwergplanéit. - Seng Mounde sinn:
- Charon
- Nix
- Hydra
- D'Eris mat sengem Mound
- Dysnomia
Och Asteroiden hunn Trabanten.