Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun, och Traité vu Roum oder Réimesche Vertrag genannt, ass e Vertrag deen de 25. Mäerz 1957 tëscht Westdäitschland, Frankräich, Italien, Holland, Lëtzebuerg an der Belsch ënnerschriwwe gouf.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun (1958-1993). Fir d'Versiounen duerno kuckt wgl.: Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Unioun (1993-2009) an Traité iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun (zanter 2008). |
Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
Europäesch Communautéiten (EG*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EG) | ||||||
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom | Justiz an Interieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG resp. Euratom) | |||||||
Traité vu Paräis |
Traité vu Roum | Fusiounstraité | Acte unique | Traité vu Maastricht |
Traité vun Amsterdam |
Traité vun Nice |
Traité vu Lissabon |
Dräi Sailen |
Nieft dem EAG-Vertrag ass et ee vun de Réimesche Verträg.
Mat dem EG-Vertrag gouf d'Europäesch Communautéit gegrënnt. E gehéiert zum primäre Recht am Europäeschen Droit. En ass ufanks 1958, nodeem e ratifizéiert war, a Kraaft getrueden a sollt fir onbegrenzt Zäit gëllen. Den Traité vu Roum gouf vu follgende Representanten ënnerschriwwen:
- Paul-Henri Spaak a J-Ch. Snoy et d'Oppuers fir d'Belsch.
- Konrad Adenauer a Walter Hallstein fir Däitschland.
- Christian Pineau a Maurice Faure fir Frankräich.
- Antonio Segni a Gaetano Martino fir Italien.
- Joseph Bech a Lambert Schaus fir Lëtzebuerg.
- Joseph Luns an J. Linthorst Homan fir Holland.