Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) war eng international Organisatioun déi 1957 duerch den Traité vu Roum geschaf gouf, fir tëscht den deemools 6 Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg) eng wirtschaftlech Integratioun (dorënner de Bannemaart) z'erreechen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Se gouf an den 1970er an 1980er Joren ëm 6 weider Memberstaate vergréissert. Zanter 1967 (Fusiounstraité) waren hir Institutiounen déi selwecht wéi déi fir d'CECA an Euratom, an déi dräi zesumme goufen "Europäesch Gemeinschaften" (oder "Communautéiten") genannt.
Wéi den 1. November 1993 d'Europäesch Unioun (EU) an d'Liewe geruff gouf, gouf aus der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft d'Europäesch Gemeinschaft (EG), eng vun den Dräi Saile vun der Europäescher Unioun. D'Institutioune vun der EWG goufen als Institutioune vun der Europäescher Unioun virugefouert.