Semjon Leonidowitsch Kojin
russesche Kënschtler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Semjon Leonidowitsch Kojin (op Russesch: Семён Леонидович Кожин), gebuer den 11. Mäerz 1979 zu Moskau, ass e russesche Moler.
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Säi Molstil ass de Realismus.[1] Hee moolt Landschaftsbiller, Nature morten, Genre- an Historiebiller. Dofir reest en dacks, ë. a. duerch Russland a Groussbritannien, mä fir de Rescht schafft en zu Moskau. En experimentéiert vill mat der Moltechnik, andeems en den Effekt vun der raimlecher Dimensioun, Halleftransparenz a Villschichtegkeet verdäitlecht. A senge Wierker vereent de Kënschtler glat Molweise mat energeschem Pinselstréch an Deckfaarf op helle Plazen, fir déi raimlech Dimensioun an Déiftewierkung vun engem Bild z'erreechen.