Seideschwanz
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Seideschwanz (Bombycilla garrulus), och Peschtvull oder Hongervillchen genannt,[1] ass e Sangvull aus der Famill vun de Seideschwänz (Bombycillidae), deen am héije Norde vun Europa, Asien an Nordamerika lieft.
Méi Informatiounen Aner Sproochen:, Systematik ...
Seideschwanz (Peschtvull) | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Seideschwanz | |||||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Seidenschwanz fr: Jaseur boréal | ||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Bombycilla garrulus (L., 1758) |
Zoumaachen
A Jore wou, wéinst de Wiederbedingungen, dës Vigel am Wanter net méi genuch ze friesse fannen, verloosse se hiert Bruttgebitt an zéien a grousse Schwäerm no Süden a Südwesten, dat bis no Mëttel- a Westeuropa.
De Seideschwanz gëtt bis 18 cm grouss a ka bis 80 Gramm weien, an ass domat e bësse méi kleng wéi eng Märel.