Safran (Entreprise)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Safran ass eng franséisch Entreprise, déi international am Secteur vun der Loftfaart, der Raumfaart an der Verdeedegung aktiv ass. Si ass op d'Entwécklung an d'Produktioun vu Fliger-, Helikopter- a Rakéitemotoren an aner Ekipementer spezialiséiert.
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
Safran | |
---|---|
Fabrick vu Safran zu Commercy | |
Typ | SA |
Grënnungsdatum | 2005 |
Sëtz |
Paräis Frankräich |
Branche |
Entwécklung a Produktioun vu Fliger-, Helikopter- a Rakéitemotoren, Ekipementer fir d'Loftfaart an d'Verdeedegung |
Homepage | safran-group.com |
Zoumaachen
Bei der Produktioun vu Moteure fir kleng Fligeren, Helikopteren a Fligerfuerwierk ass Safran de weltwäite Leader um Marché.[1]
Si ass 2005 aus der Fusioun tëscht de Firmen Snecma a Sagem ervirgaangen.[2]. Zënter September 2011 ass si Deel vum franséische Bourssenindex CAC 40.[3]
Nodeems Safran 2018 de Konkurrent Zodiac Aerospace opkaaft huet hunn am August 2021 ronn 76.000 Mataarbechter do geschafft.[1]
D'franséisch Regierung ass de gréissten Aktionär vu Safran (11%).[4].