Réng vum Saturn
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Réng vum Saturn sinn d'Ranksystem, dat ëm de Planéit Saturn kreest. Et ass dat opfällegst Zeeche vum Planéit a scho mat engem Refrakter mat ronn 40-facher Vergréisserung ze gesinn. Déi zwéin hellst Réng (A- a B-Rank) goufe schonn am 17. Joerhonnert entdeckt. Ëm 1900 gouf dee bannenzegen duerchsiichtegen C-Rank oder Florrank entdeckt. Déi véier weider, ganz zaart Objeten, konnten eréischt mat Hëllef vun dräi Raumsonden tëscht 1979 an 1981 nogewise ginn.
D'Réng bestinn haaptsächlech aus Äis-, awer och aus Gestengs. D'Partikelgréisst variéiert tëscht Stëbskären an ettlech Metergrousse Fielsstécker. D'Ranksystem huet vill grouss a kleng fräi Plazen an ass bei engem Duerchmiesser vu bal enger Millioun Kilometer tëscht 10 an 100 Meter déck[1], an domat, extreem dënn.
D'Réng leie genee op der Equatorhéicht vum Saturn a werfen e visuelle Schiet op de Saturn – wéi och ëmgekéiert de Saturn op seng Réng. Aus den Hellegkeete léisst sech op d'Deelchendicht an hir Albedo schléissen. De Schiet, deen op d'Saturnuewerfläch geworf gëtt, ass ëmsou méi opfälleg, jee méi dat dënnt Ranksystem am Laf vun engem Saturnjoer mat senger schmueler "Kant" schréi géint d'Sonn steet.