Ptolemäus
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Claudius Ptolemäus, gebuer ëm 100, et gëtt ugeholl zu Pelusium an Egypten; gestuerwen ëm 175, zu Alexandria an Egypten, war e griichesche Mathematiker, Geograph an Astronom. De Ptolemäus huet warscheinlech zu Alexandria (Egypten) geschafft.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ptolemäus | |
---|---|
Gebuertsnumm | Κλαύδιος Πτολεμαῖος |
Gebuer | 100 jul. |
Gestuerwen |
170 jul. Alexandria |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit | Mathematiker, Geograph, Astronom, Astrolog, Musekstheoretiker, Philosoph, Musikolog, Schrëftsteller |
Zoumaachen
De Ptolemäus huet d'Mathematike Syntaxis (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider Megiste Syntaxis (grouss Zesummestellung), haut Almagest genannt (ofgeleet vum arabeschen al-Majisṭī). Et ass eng Ofhandlung iwwer d'Mathematik an d'Astronomie an 13 Bicher. Et war am Mëttelalter ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "Weltbild vum Ptolemäus" genannt).