Mëttelalter
Epoch an der europäescher Geschicht / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mëttelalter ass eng Epoch an der europäescher Geschicht tëscht der Antiquitéit an der Neizäit. Dës Epoch féiert chrëschtlech, antik a keltesch, germanesch a slawesch Entwécklungen zesummen. Den Ufank vum Mëttelalter gëtt meeschtens op d'Joer 476 festgeluecht, an deem d'West-Réimescht Räich ënnergaangen ass. D'Enn vum Mëttelalter geet op d'Joer 1492 zeréck, an deem de Kontinent Amerika vum Christoph Kolumbus entdeckt gouf.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Numm selwer koum eréischt am Ufank vun der Neizäit op, wéi am Kader vun der Renaissance d'Ierfschaft vun der griichesch-réimescher Antiquitéit nei entdeckt, respektiv a ville Beräicher zum Modell gemaach gouf. Déi ronn dausend Joer "an der Mëtt", deemno tëscht der eigentlecher Antiquitéit an der "Neigebuert" vun der Antiquitéit, gouf als "Mëttelalter" bezeechent, änlech wéi d'Mier tëscht den dräi Kontinente vun der Aler Welt als "Mëttelmier" bezeechent gëtt.