Nullmeridian
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nullmeridian ass dee Meridian, dee vertikal zum Äerdequator steet a vum Nordpol bis zum Südpol an engem Hallefkrees verleeft, a vun deem aus d'geographesch Längt no Ost a West gezielt gëtt.
E gouf eigentlech arbiträr festgeluecht, dunn awer bei der Internationaler Meridiankonferenz vun 1884 an de Meridianplang vum Londoner Greenwich-Observatoire geluecht a gëtt dofir dacks och Greenwich-Meridian genannt (Meridian vum Flamsteed House vum Royal Greenwich Observatory). Bis dohi ware vill verschidden Nullmeridianen am Gebrauch.
Standardméisseg gëtt d'geographesch Längt vum Nullmeridian positiv no Osten gezielt (0° bis 360°), trotzdeem ass och ëstlech Längt (0-180° Ost) a westlech Längt (0-180° West) verbreet. Als Ofkierzunge ginn O oder E fir den Osten a W fir de Weste gebraucht. D'Symbol E (englesch fir „East“, frans. „Est“) ass deelweis och am Däitschen aktuell, fir eng Verwiesselung mat Null ze vermeiden. Op der Westhemisphär (v. a. an den USA) gëtt am Géigesaz zur internationaler Norm och déi westlech Zielung vun 0-360° gebraucht.
Den haitege Standard, de Meridian Null vum WGS84- an ETRS89/GRS80-Bezuchsystem, ass net un d'Äerduewerfläch gebonnen, mä e modelléierte Geodeteschen Datum, well d'Meridianen a geneeër Rechnung net uewerflächen-uertsfest sinn (Kontinentalverrécklung, Gezäitekräften. E verleeft am Greenwich-Park, gutt 100 Meter ëstlech vun der historescher Greenwicher „Touriste-Linn“ vum alen Observatoire.