Nordpol
nërdlechste Punkt vun der Äerd / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nordpol ass ee vun zwéi geographesche Polen an am allgemenge Sproochgebrauch den nërdlechste Punkt vun der Äerd. En entsprécht dem nërdlechen Dréipunkt vun der Äerdachs a gëtt och als geographeschen Nordpol bezeechent. Donieft gëtt et och den arktesche Magnéitpol an den arktesche geomagnéitesche Pol.