Nikos Christodoulidis
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nikos Christodoulidis (Griichesch: Νίκος Χριστοδουλίδης), gebuer de 6. Dezember 1973 zu Geroskipou, ass en zypriotesche Politiker.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Nikos Christodoulidis | |
---|---|
Gebuer | 6. Dezember 1973 |
Nationalitéit | Zypern |
Educatioun |
New York University, Universitéit vu Malta, Universitéit vun Athen |
Aktivitéit | Universitéitsprofesser, Politiker, Diplomat |
Partei | keng |
Zoumaachen
Hie war vum 1. Mäerz 2018 bis den 10. Januar 2022 Ausseminister vun der Republik Zypern.[1] Den 12. Februar 2023 gouf hien am 2. Tour zum Staatspresident vun Zypern gewielt; den 28. Februar 2023 gouf hie vereedegt.[2]
Hien huet op der Universitéit vun Athen a Politikwëssenschafte promovéiert an dono op der Universitéit Zypern Course gehalen.[3]