Mississippi River
längste Floss an Nordamerika / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mississippi [ˌmɪsɪˈsɪpɪ] ((en) Mississippi River) ass en ëm déi 4.000 Kilometer[1] laange Stroum an Nordamerika. En entspréngt aus dem Itascaséi am nërdleche Minnesota a leeft ronn 160 km südlech vun New Orleans an de Golf vu Mexiko.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss an Nordamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mississippi. |
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Längt | 3.766 km |
---|---|
Debit | 12.743 m³/s |
Fläch vum Baseng | 2.981.000 km² |
Leeft an | Golf vu Mexiko |
De Missouri, säi längsten Niewefloss, ass bis bei d'Mëndung däitlech méi laang (4.087 km), huet awer weesentlech manner Waasser wéi de Mississippi. De Missouri an den Ënnerlaf vum Mississippi bilden als „Mississippi-Missouri“ mat 6.051 Kilometer Längt de véiertlängste Flosssystem vun der Äerd. Vum Waasservolumen hier ass den Ohio de gréissten Niewefloss.
Op sengem Laf vum Norden an de Süde leeft de Mississippi quasi duerch dat ganzt Staatsgebitt vun den USA a fléisst duerch aacht US-Bundesstaaten: Minnesota, Illinois, Missouri, Kentucky, Arkansas, Tennessee, Mississippi a Louisiana.