Maximilian Schell
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Maximilian Schell gebuer den 8. Dezember 1930 zu Wien a gestuerwen den 1. Februar 2014 zu Innsbruck,[1] war en éisträichesch-Schwäizer Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.
Maximilian Schell | |
---|---|
am Joer 2006 | |
Gebuer |
8. Dezember 1930 Wien |
Gestuerwen |
1. Februar 2014 Innsbruck |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Schwäiz, Éisträich |
Educatioun |
Universitéit vu München, Universitéit Zürich, Universitéit vu Basel |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Autobiograph, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Regisseur |
Famill | |
Papp | Hermann Ferdinand Schell |
Mamm | Margarethe Noé von Nordberg |
Geschwëster | Carl Schell, Maria Schell, Immy Schell |
De Maximilian Schell ass de Jong vum Hermann Ferdinand Schell, engem Schwäizer Schrëftsteller an der Margarethe Noé von Nordberg, enger Wiener Schauspillerin. Hien ass de Brudder vun de Schauspiller Maria Schell, Carl Schell an Immy Schell. Nom Uschloss vun Éisträich un dat nationalsozialistesch Däitschland am Joer 1938 ass d'Famill Schell an d'Schwäiz ausgewandert.
De Maximilian Schell ass zu Basel an Zürich opgewuess. Hien huet Philosophie, Konschtgeschicht a Germanistik studéiert.
Am Veräin vun de Grasshoppers Zürich huet hie Foussball gespillt.
Am Hierscht 1952 huet hie seng Schauspillercarrière am Basler Stadttheater ugefaangen. Am Joer 1955 huet hien a sengem éischte Film Kinder, Mütter und ein General als Schauspiller matgewierkt. 1970 hat hie säin Debut als Filmregisseur mam Film Erste Liebe.
De Maximilian Schell huet seng lescht Roll fir de Kino am Film Les brigands vun de lëtzebuergesche Regisseure Frank Hoffmann a Pol Cruchten gespillt.