Massaker vu Srebrenica
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Massaker vu Srebrenica war e Krichsverbrieche wärend dem Bosniekrich, dat vun den UN-Geriichter als Genozid klassifizéiert gouf.[1]
An der Géigend vu Srebrenica goufen am Juli 1995 méi wéi 8.000 Bosniaken[2] – bal nëmme Männer a Jongen tëscht 13 an 78 Joer – doutgemaach.[3] D'Massaker gouf ënner der Féierung vum Ratko Mladić vun der Arméi vun der Republika Srpska (Vojska Republike Srpske, VRS), der Police a serbesche Paramilitären ausgefouert, an dat trotz der Presenz vu Blohelmzaldoten. Et huet sech iwwer e puer Deeg higezunn a geschouch op verschiddene Plaze ronderëm Srebrenica. Déi Dausende vu Läiche goufen a Massegriewer verschäert an an de Wochen dono e puermol aus- an op anere Plazen nees begruewen, fir Spueren ze verwëschen.
D'Massaker vu Srebrenica gëllt als dat schwéierst Krichsverbriechen an Europa zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich.[4]. Bei Prozesser virun internationale Geriichter koum eraus, datt déi Verbriechen net spontan geschouchen, ma systematesch geplangt an duerchgefouert goufen.