Marsmeteorit
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Marsmeteorit ass Gestengs dat sech um Mars gebilt huet an duerno bei engem Impakt vun engem Asteroid oder Koméit vum Mars fortgeschleidert gouf an op der Äerd gelant ass. Vun den iwwer 61.000 Meteoritten, déi bis elo op der Äerd fonnt goufen, goufen der bis 2014, 132 als Marsgestengs identifizéiert.[1] De 17. Oktober 2013 huet d'Nasa bekannt ginn, datt op Basis vun Analysen déi de Marsrover Curiosity gemaach huet, verschidde Meteoritten déi op der Äerd fonnt goufen, a vun deene wéinst hirer elementarer an isotopescher Zusummesetzung ugeholl gouf datt se vum Mars kéimen, tatsächlech vun do sinn.[2]
Marsmeteoritte sinn Achondritten, déi no den dräi Ënnergruppen (Shergottitten, Nakhlitten an Chassignitten) SNC-Meteoritte genannt ginn. Obschonn den éischten SNC-Meteorit am Joer 1815 a Frankräich zu Chassigny fonnt gouf, hunn déi meescht Meteorittefuerscher eréischt zanter Ufank vun den 1980er Joren d'Ofstamung vum Mars unerkannt. Allerdéngs ass deen Urspronk net ganz sou eendeiteg geséchert wéi déi vum Moundmeteorit, well nach kee Marsgestengs fir e Verglach virläit.