Lettre de cachet
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Lettre de cachet war, ënner dem Ancien Régime a Frankräich, e Bréif fir en Uerder vum Kinnek z'iwwermëttelen.
Allgemeng war eng Lettre de cachet e Bréif deen zou war (als Géigestéck zu de Lettres patentes, wat oppe Bréiwer waren), d. h. de Bréif war duerch e Sigel zougemaach. D'Bréiwer, déi un d'Parlament geschéckt goufen, fir en Edikt z'enregistréieren, waren ëmmer Lettres de cachet. Am 17. Joerhonnert huet sech de Sënn vun der Expressioun spezialiséiert. Aus der Lettre de cachet gouf en Uerder, deen engem d'Fräiheet ewechgeholl huet, fir Leit anzespären oder an den Exil ze schécken. De Bréif ass ënner déi sougenannt Justice retenue vum Kinnek gefall, a konnt domat den normale Rechtswee ëmgoen. D'Persounen, déi sou ee Bréif geschéckt kruten, krute kee Prozess gemaach, mä sinn direkt an de Prisong geschéckt ginn (Bastille, Festung vu Vincennes, oder fir d'Fraleit, La Salpêtrière).
Dräi Typpe vu Strofe konnten duerch eng Lettre de cachet iwwermëttelt ginn:
- illimitéiert Detentioun (fir déi Geckeg) ;
- ee bis zwee Joer Prisong, fir d'Leit déi, laut dem Barong vu Breteuil, « sans avoir troublé l'ordre public par des délits, sans avoir rien fait qui ait pu les exposer à la sévérité des peines prononcées par la loi, se sont livrées à l'excès de libertinage, de la débauche et de la dissipation »
- « peines afflicitives importantes pour ceux qui ont commis des actes de violence ou des crimes qui intéressent l'ordre et la sûreté publique et que la justice, si elle en eût pris connaissance, eût puni de peines (…) déshonorantes pour les familles[1]. »
De Bréif hat meeschtens follgend Form:
- « Monsieur (…), je vous fais cette lettre pour vous dire que (…) Sur ce, je prie Dieu qu'il vous ait, Monsieur (…), en sa sainte garde. »
En Uerder fir eng Persoun an de Prisong ze geheien, konnt och als oppene Bréif an an der drëtter Persoun geschriwwe ginn. Dësen huet allerdéngs ëmmer misse vun engem Staatssekretär ënnerschriwwe ginn.