Larry Flynt
amerikanesche Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lawrence Claxton "Larry" Flynt, Jr., gebuer den 1. November 1942 zu Salyersville, am Kentucky, a gestuerwen den 10. Februar 2021 zu Los Angeles[1], war en US-amerikaneschen Editeur, Publizist an Auteur. Hien huet d'Verlagshaus Larry Flynt Publications (LFP) gegrënnt a bis zu sengem Doud geleet. Dëst huet iwwer 20 Magaziner erausbruecht, dorënner den Hustler.
Larry Flynt | |
---|---|
Gebuer |
1. November 1942 Salyersville |
Gestuerwen |
10. Februar 2021 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Editeur, Entreprener, Autobiograph, Journalist, Politiker |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Althea Flynt |
De Flynt war an eng ganz Rëtsch Geriichtsprozesser involvéiert, an deenen et virun allem ëm d'Reguléierung vu Pornografie oder d'Fro vun der Meenungsfräiheet, wéi s'am 1. Amendement vun der Verfassung vun de Vereenegte Staate garantéiert ass, goung.
1978 gouf hie bei engem Attentat schwéier blesséiert a war zanterdeem vun der Hëft u geläämt.
1996 huet de Miloš Forman säi Liewe verfilmt, ënner dem Titel The People vs. Larry Flynt, woudran de Woody Harrelson d'Haaptroll gespillt huet.