Glynis Johns
brittesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Glynis Johns, gebuer als Glynis Margaret Payne Johns de 5. Oktober 1923 zu Pretoria a gestuerwen de 4. Januar 2024 zu Los Angeles, war eng brittesch Schauspillerin.[1]
Glynis Johns | |
---|---|
Gebuertsnumm | Glynis Margaret Payne Johns |
Gebuer |
5. Oktober 1923 Pretoria |
Gestuerwen |
4. Januar 2024 Los Angeles |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | South Hampstead High School |
Aktivitéit | Pianist, Sänger, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Dänzer, Museker, Schauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | David Foster, Anthony Forwood, Elliott Arnold |
Papp | Mervyn Johns |
Mamm | Alyce Steele-Wareham |
Kand | Gareth Forwood |
D'Johns war d'Duechter vum Mervyn Johns, engem Schauspiller, an der Alyce Steele-Wareham, enger Pianistin. Si gouf fir d'éischt bekannt wéi si d'Haaptroll am Film Miranda (1948) gespillt huet.
D'Johns krut eng Oscar-Nominatioun fir hir Roll an The Sundowners (1960). Si gouf och fir hir Roll als Teresa Harnish am The Chapman Report (1962) fir e Golden Globe Award nominéiert. 1964 hat si d'Haaptroll als d'Winifred Banks am Walt Disney sengem Film Mary Poppins .
Si krut en Tony Award fir Roll als Desiree Armfeldt am Broadway-Stéck A Little Night Music (1973).
D'Johns ass de 4. Januar 2024 zu Los Angeles am Alter vun 100 Joer gestuerwen.[2]