Fay Weldon
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fay Weldon CBE, gebuer den 22. September 1931 zu Alvechurch,am Worcestershire als Franklin Birkinshaw, a gestuerwen de 4. Januar 2023 zu Northampton, am Northamptonshire) war eng brittesch Schrëftstellerin a Feministin. No Texter fir Radio- an Tëleesemissioune koum 1967 hiren éischte Roman The Fat Woman’s Joke eraus. An hire meeschte Romaner sti weiblech Haaptfiguren am Mëttelpunkt déi sech an engem patriarchaleschen Ëmfeld duerchschloe mussen. Vun hiren iwwer 30 Romaner[1] goufen der e puer verfilmt, dorënnerThe Life and Loves of a She-Devil mat der Roseanne Barr. Si huet och Kuerzgeschichten an iwwwer 50 Dréibicher geschriwwen, souwéi Magazins- an Zeitungsartikelen. 2002 koum hir Autobiographie mam Titel Auto de Fay eraus.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Fay Weldon | |
---|---|
Gebuertsnumm | Franklin Birkinshaw |
Gebuer |
22. September 1931 Birmingham |
Gestuerwen |
4. Januar 2023 Northampton |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | South Hampstead High School |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Aktivist, Dréibuchauteur, Autobiograph, Publizist, Journalist |
Member vun | Royal Society of Literature |
Zoumaachen