Dario Fo
italieeneschen Auteur a Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dario Fo, gebuer de 24. Mäerz 1926 zu Sangiano a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Mailand, war en italieeneschen Auteur vun Theaterstécker, Regisseur, Komponist, Satiriker a Schauspiller. An den 1960er bis 1980er Joren huet den Dario Fo Politskandaler, Korruptioun (Tangentopoli) Ermuerdungen, organiséiert Kriminalitéit, d'kathoulesch Kierch, Rassismus a Krich thematiséiert, meeschtens a Form vu Satir. An den 1990er an 2000er Jore war de Silvio Berlusconi, deem säi Politikstil a seng Partei Forza Italia ëmmer nees d'Zilscheif vu senger Kritik. An de leschte Joren huet hien, als Folleg vun der Finanzkris 2007/2008, de Banken- a Finanzsystem kritiséiert, an huet sech dem Beppe Grillo sengem Movimiento Cinque Stelle ugeschloss.
Dario Fo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dario Luigi Angelo Fo |
Gebuer |
24. Mäerz 1926 Sangiano |
Gestuerwen |
13. Oktober 2016 Luigi Sacco Spidol |
Doudesursaach | Krankheet vun den Otemweeër |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Komponist, Dramatiker, Filmschauspiller, Illustrateur, Moler, Dichter, Zeenograph, Satiriker, Schrëftsteller, Costumedesigner, Schauspiller, visuelle Kënschtler |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Franca Rame |
Kanner | Jacopo Fo |
Hien huet d'Methode vun der Commedia dell'arte moderniséiert an nei opliewe gelooss, an och e puermol Operen inzenéiert.
Zu senge bekanntste Stécker ziele Mistero buffo, Morte accidentale di un anarchico, Tutti uniti! Tutti insieme! Ma scusa, quello non è il padrone? Guerra di popolo in Cile (iwwer de Putsch am Chile, 1973), Non Si Paga! Non Si Paga!, a Clacson, trombette e pernacchi.
1997 krut hien den Nobelpräis fir Literatur[1]. Hien zielt zu den am dackste gespillten zäitgenësseschen Auteuren; seng Stécker goufen an iwwer 30 Sproochen iwwersat an uechter d'Welt opgefouert.
Den Dario Fo war vun 1954 bis zu hirem Doud, 2013, mat der Schauspillerin a spéiderer politescher Aktivistin Franca Rame bestuet, mat där en och op kënschtlereschem Plang zesummegeschafft huet.