Canal du Midi
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Canal du Midi ass e Kanal a Frankräich, deen Toulouse mat Marseillan an dann iwwer den Étang de Thau mat Sète verbënnt, wou en Uschloss un de Kanal vum Rhône op Sète huet.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Tracé vum Kanal | |||||
Land | Frankräich | ||||
Ufank | Toulouse Canal de Brienne Canal latéral à la Garonne | ||||
Enn | Marseillan Étang de Thau | ||||
Eegenschaften | |||||
Aktuelle Statut | a Betrib | ||||
Längt | 241 km | ||||
Héicht Ufank | 135 m | ||||
Héicht um Scheet | 193 m | ||||
Héicht Enn | 0 m | ||||
Gabarit | Reduzéierte Freycinet | ||||
Déifgank | 1,20 m | ||||
Fräi Héicht | 3,10 (am Gabarit 5,50: 2,40) m | ||||
Infrastrukturen | |||||
Schleisen | 86[1] | ||||
Schëffslifter | Pente d'eau vu Fonserannes (net méi a Betrib) | ||||
Tunnellen | Tunnel du Malpas | ||||
Kanalbrécken | 8 | ||||
Sécherheetspaarten | ± 30 [2] | ||||
Aner Konstruktiounen | Iwwerlaf um Argent-Double Iwwergank um Libron | ||||
Niewekanäl | Canal de jonction > Canal de la Robine Hérault (Branche Sud) Herault (Branche Nord) | ||||
Geschicht | |||||
Bau | 1666 - 1681 | ||||
Héichteprofil vum Kanal |
E gouf am 17. Joerhonnert gebaut an huet dunn als dee gréisste Schantje vu Frankräich gegollt. Am Ufank housch e Canal royal en Languedoc; säin haitegen Numm krut e bei der Franséischer Revolutioun. Am 19. Joerhonnert krut en zu Toulouse Uschloss un de Canal latéral à la Garonne, dee laanscht d'Garonne bis op Bordeaux, an domat bis bei den Atlantik geet. Déi zwéi Kanäl zesumme ginn och alt Canal des Deux-Mers genannt.
E gouf vum Pierre-Paul Riquet entworf, an tëscht 1666 a 1681 ënner senger Opsiicht gebaut.
En ass 241 km laang a geet duerch d'Departementer Hérault, Aude an Haute-Garonne. Et ass e Scheetkanal deem säi Scheetbaseng mam Hafe vu Ségala op enger Héicht vun 193 m um Seuil de Narouze, 51,6 km (Écluse de l'Océan) vun Toulouse, resp. 184 km (Écluse de la Méditerranée) vu Marseillan ewech ass. E gouf an den ënneschten Deeler am Freycinet-Gabarit gebaut, wat haut der CEMT-Klass 1 fir Schëffer entsprécht. D'Schleisen um mëttelsen Deel tëscht der Écluse du Sanglier an der Écluse d'Argens goufen alledéngs an engem reduzéierte Gabarit mat Längte vun 30,00 m a Breete vu 5,60 m a 5,45 m fir déi vu Saint-Martin gebaut. Den Déifgank ass 1,20 Meter.[3]
De Canal du Midi ass ee vun den eelste Kanäl an Europa, deen haut nach a Betrib ass. E gouf 1996 op d'Lëscht vun de Weltkulturierwe vun der Unesco agedroen. Ausser datt de Kanal op der Unescolëscht steet, stinn eng Hellewull Gebaier an aner Konstruktiounen um a laanscht de Kanal op der Lëscht vu geschützte Monumenter a Frankräich.
E gëtt haut just nach vu Fräizäitschëffer benotzt.