Bam vum Joer
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Bam vum Joer gëtt a ville Länner all Joer eng Bam-Aart erausgesicht, ë. a. fir de Wäert vum Bam an der Gesellschaft z'ënnersträichen. D'Aart a Weis, wéi de Bam erausgesicht gëtt, an och, wat fir een, ass vu Land zu Land verschidden.
A verschiddene Länner, wéi a Frankräich, der Slowakei oder an Tschechien, gëtt zousätzlech zu enger Bamaart och ee bestëmmte Bam als Bam vum Joer designéiert.
Zu Lëtzebuerg ass de Bam vum Joer dee selwechten wéi deen an Däitschland, deen do vun der Baum des Jahres – Dr. Silvius Wodarz Stiftung am Oktober vum Joer virdrun erausgesicht gi war. D'Stëftung natur&ëmwelt këmmert sech drëm, op de jeeweilege Bam vum Joer opmierksam ze maachen.[1]