Arbedsgebai
From Wikipedia, the free encyclopedia
Arbedsgebai ass de gängegen Numm vum fréiere Verwaltungsgebai vun der ARBED, dat 1920 an der Neier Avenue, vis-à-vis vum Rousegäertchen an der Stad Lëtzebuerg gebaut gouf. Architekt war de Fransous René Théry, d'Bauaarbechte goufe vum Sosthène Weis ausgefouert.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
2014 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Adress | Nei Avenue |
Koordinaten | 49° 35’ ’’ N 6° 07’ ’’ O |
Baustil | Neo-klassizistesch |
Architekt(en) | René Théry |
Statut | Klasséiert Monument (INPA) |
Datum vum Bau | 1920 |
Proprietär |
fréier: Arbed, ArcelorMittal zanter 2014: Spuerkeess |
Zoumaachen
Et gehéiert zanter November 2014 der Spuerkeess, déi dodra Büroe, Empfanksraim a Seminärsäll amenagéiert huet. Et gouf a senger neier Funktioun, an ënnert dem neien Numm "19 Liberté", de 5. Juli 2016 ageweit.[1]