William McMichael Shepherd
US-amerikaneschen Astronaut / From Wikipedia, the free encyclopedia
De William McMichael „Bill“ Shepherd, gebuer de 26. Juli 1949 zu Oak Ridge, Tennessee, USA) ass e fréieren US-amerikaneschen Astronaut. Hie war Kommandant vun der éischter ISS-Crew.
William Shepherd | |
---|---|
Kategorie | Astronaut |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Auswiel | 23. Mee 1984 (10. NASA-Grupp) |
Zuel vu Flich | 4 |
Éischte Start | 2. Dezember 1988 |
Lescht Landung | 21. Mäerz 2001 |
Dauer | 159d 7h 49min |
1. Missioun | STS-27 |
2. Missioun | STS-41 |
3. Missioun | STS-52 |
4. Missioun | Expedition-1 |
opgehalen | August 2002 |
De Shepherd hat 1971 d'United States Naval Academy bestanen a krut e Bachelor a Loft- an Raumfaarttechnik. Uschléissend hat hien eng militäresch Carrière bei de Navy Seals ageschloen. 1978 krut hien e Master am Fach Maschinnebau an en Ofschloss a Mierestechnik vum MIT.