Wilbur L. Scoville
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wilbur Lincoln Scoville, gebuer den 22. Januar 1865 zu Bridgeport, Connecticut, a gestuerwen den 10. Mäerz 1942 zu Gainesville, a Florida, war en US-amerikanesche Pharmakolog.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Wilbur L. Scoville | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wilbur Lincoln Scoville |
Gebuer |
22. Januar 1865 Bridgeport |
Gestuerwen |
10. Mäerz 1942 Gainesville |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Apdikter, Chimist |
Zoumaachen
Hien huet bei der Pharmafirma Parke Davis geschafft, an do 1912 en Test entwéckelt, fir d'Schäerft vu Chilischeeken ze moossen, de sougenannte Scoville Organoleptic Test (ëgs. Scoville-Skala). Dobäi gëtt de Gehalt vu Capsaicin duerch Verdënnung bis datt een en net méi mierkt, gemooss.
Hie krut zwéi Gielercher vun der American Pharmaceutical Association: 1929 den Ebert Prize an 1929 d'Remington Honor Medal. 1929 krut hien och en Doktor-Titel honoris causa vun der Columbia Universitéit.