W. C. Fields
amerikanesche Komiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den W. C. Fields, gebuer den 29. Januar 1880 zu Philadelphia a Pennsylvania als William Claude Dukenfield, a gestuerwen de 25. Dezember 1946 zu Pasadena a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Entertainer, Schauspiller, Komiker, Dréibuchauteur a Jongleur.
W. C. Fields | |
---|---|
Gebuer | 29. Januar 1880 |
Gestuerwen |
25. Dezember 1946 Pasadena |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Komiker, Kabarettist, Dréibuchauteur, Zirkusartist, Filmregisseur |
An de Comédiën, an deenen e gespillt huet, huet hien e misanthropeschen, ma sympatheschen Egoist gespillt. Seng Figuren haten eng Virléift fir Alkohol, hunn awer leidenschaftlech absënns Fraen, Kanner, Hënn a Banquiere gehaasst.
De Fields huet seng Carrière als Entertainer a Vaudeville-Showen ugefaangen a war an den 1930er-Joren e Star vun enger ganzer Rëtsch vu Kaméidisfilmer. Bei villen dovun war hien och den Dréibuchauteur. Hien huet sech dann och e Spaass draus gemaach, méiglechst ausgefalen Nimm fir déi verschidde Personagen z'erfannen, wéi Professor Eustance McGargle, Elmer Prettywillie, Augustus Q. Winterbottom, asw.
Soulaang e gelieft huet, war hien an den USA e ganz beléifte Komiker.