Trevor Howard
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Trevor Howard, gebuer als Trevor Wallace Howard den 29. September 1913 zu Cliftonville, Kent, England a gestuerwen de 7. Januar 1988 zu Bushey, Hertfordshire, war en englesche Schauspiller.
Trevor Howard | |
---|---|
Portrait vun 1973 | |
Gebuertsnumm | Trevor Wallace Howard-Smith |
Gebuer | 29. September 1913 |
Gestuerwen |
7. Januar 1988 Bushey |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
No senger Schoulzäit ass hien zu London op d'Royal Academy of Dramatic Art gaangen. Virum Zweete Weltkrich huet hien haaptsächlech Theater gespillt. Am Krich war hie Fallschiermjeeër an der Arméi. Nom Krich huet hien och Rollen am Film krut. Hie war e beléifte Schauspiller fir Charakterrollen.
Bedeitend Filmer an deenen hie matgespillt huet sinn: Brief Encounter (1945) vum David Lean, The Third Man (1949) vum Carol Reed mam Joseph Cotten, Alida Valli an Orson Welles, Sons and Lovers (1960) vum Jack Cardiff, The Charge of the Light Brigade (1968) vum Tony Richardson a Ryan's Daughter (1970) vum David Lean mam Robert Mitchum a Sarah Miles.
Vun 1944 bis zu sengem Doud war hie mat der Schauspillerin Helen Cherry bestuet.