Transgender
From Wikipedia, the free encyclopedia
Transgender (iwwergräifend Geschlecht/Sexualitéit) ass e Sammelbegrëff fir transsexuell an intersexuell Mënschen. Fréier goufe se mat Begrëffer wéi Chimär, Zwitter, Invertéiert an Hermaphrodit oder och nach als „drëtt Geschlecht“ bezeechent. Déi offiziell Bezeechnung dofir ass haut Transsexualitéit an Intersexualitéit. Zanter 2005 gebraucht d'Medezin an d'medezinesch-biogeneetesch Fuerschung fir de Begrëff Intersexualitéit och d'Ofkierzung DSD (disorders of sex development). Ëmgangssproochlech gëtt et am Lëtzebuergesche keng eege Bezeechnungen. Am Englesch-amerikanesche gëtt et nach: shemale, sheboy, heshe, ladyboy…. Aus dem Däitschen: Transen, Transfrauen, Transmänner … Aus dem Franséischen: transes …
Donieft gëtt et nach de Begrëff Androgynitéit: dat ass en eeleren an haut nach heiansdo gebrauchten, ëmgangsproochlechen Ausdrock fir Mënschen ze beschreiwen, déi sech ganz bewosst net prezis engem Geschlecht entspriechend oder hirem physesche Geschlecht entspriechend behuelen, oder anere Mënsche sou virkommen. Bei sou Leit kann et sech ëm Transsexueller oder ëm Intersexueller handelen.