Thomas Mitchell
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Thomas John Mitchell, gebuer den 11. Juli 1892 zu Elizabeth a gestuerwen de 17. Dezember 1962 zu Beverly Hills, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thomas Mitchell | |
---|---|
Gebuer |
11. Juli 1892 Elizabeth |
Gestuerwen |
17. Dezember 1962 Beverly Hills |
Doudesursaach | Schankekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Dramatiker, Charakterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Theaterregisseur |
Partei | CRP |
Zoumaachen
Den Thomas Mitchell huet an iwwer 100 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Bekannt Filmer an deenen hien ze gesi war sinn den Abenteuer-Fantasy-Film Lost Horizon (1937) vum Frank Capra, de Western Stagecoach (1939) vum John Ford, de Sezessionskrichsdrama Gone with the Wind (1939) vum Victor Fleming an de klassesche Western High Noon (1952) vum Fred Zinnemann.
1940 krut hien en Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll am Film Stagecoach.