Terry Gilliam
brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Terence Vance Gilliam, gebuer den 22. November 1940 zu Medicine Lake, Minnesota, ass e brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Animatiounsfilmmécher vun amerikaneschen Originnen. Hie war ee vun de Membere vun der Monty Python Grupp.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Terry Gilliam | |
---|---|
Gebuertsnumm | Terrence Vance Gilliam |
Gebuer |
22. November 1940 Minneapolis |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Educatioun | Birmingham High School |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Komiker, Animateur, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Comicauteur, Regisseur |
Member vun | Monty Python |
Zoumaachen
No der High school huet hie fir d'éischt Physik, duerno Konscht a schlussendlech Politikwëssenschaft studéiert. Hien huet un der Uniszeitung Fang matgeschafft a gouf fir ee Joer hire Chefredakter. Hie war deemools staark vum Humor vum Mad magazine beaflosst, deen deemools vum Harvey Kurtzman erausgi gouf. No der Uni huet de Gilliam kuerz bei enger Publicitéitsagence geschafft, duerno an der Zäitschrëft Help!.