Steradiant
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Steradiant, och Sterad ass eng Moosseenheet fir de Raumwénkel. Am SI-Eenheetesystem ass et eng ofgeleet Moosseenheet. D'Eenheetenzeeche fir de Steradiant ass sr.
Steradiant | |
---|---|
Eenheetenzeechen | |
Physikal. Gréisst | Raumwénkel |
Formelzeechen | |
Dimensioun | |
System | SI |
SI | |
Genannt no | „raimlech“ an radius, „Stral“ |
ofgeleet vun | Radiant |
Kuckt och | Quadratgrad |
Op enger Kugel mat 1 m Radius ëmschléisst e Steradiant eng Fläch vun 1 m² op der Kugeluewerfläch. De Raumwénkel vun der ganzer Kugeluewerfläch ass 4π sr.