Sputnik
From Wikipedia, the free encyclopedia
Sputnik war den Numm vun den éischten zéng sowjetesche Satellitten. Den Numm Sputnik ass gläichbedeitend mat „Begleeder“, oder no astronomescher Bedeitung mat "Trabant" a "Satellit". Si haten all eng Äerdëmlafbunn erreecht. Sputnik 1 war de 4. Oktober 1957 deen éischte kënschtlechen Äerdsatellit op enger Ëmlafbunn a gëllt als Startschoss vun der sowjetescher Raumfaart. D'Wuert Sputnik gehéiert zu den 100 Wierder vum 20. Joerhonnert an ass an e puer (besonnesch osteuropäesche) Länner e Synonym fir Satellit. Nom Sputnik 10 gouf den Numm net méi fir d'Benennung vun Äerdsatellitte gebraucht, mä nëmmen nach fir d'Bezeechnung vun am Äerdorbit gestrante Raumsonde gebraucht.