Silikat
From Wikipedia, the free encyclopedia
Silikater sinn d'Salzer an d'Estere vun der Ortho-Kiselsaier (Si(OH)4) an hire Kondensater. D'Estere ginn ënner Kiselsaierester beschriwwen, fir d'Kondensater kuckt Kiselsaier. All d'Salzer sinn duerch SiO4−Tetraeder opgebaut Verbindungen, deenen hir Tetraederen awer op verschidde Weis matenee verbonne kënne sinn. Onverbonne Plaze vun den Tetraederen droen zum Luedungsausgläich Metallkatioune bäi oder leien eventuell als Hydroxidionen (OH−) vir. Mat Ausnam vun Alkalisilikater si Silikater net am Waasser oder an anere Léisungsmëttele léislech.
Natierlech Silikate (Silikatminerale) spillen eng grouss Roll an der Mineralogie, well sech ganz vill Minerale vun dëser Stoffgrupp zouordne loossen. D'Äerdkuuscht besteet zu iwwer 90 Prozent, den Äerdmantel bal vollstänneg aus Silikaten. Déi meescht Silikate an der Äerdkuuscht si mat 50–60 Volumeprozent d'Feldspate. Aner wichteg gestengsbildend Minerale sinn Glimmer, Tounminerale, Amphibole, Pyroxene, Granat an Olivin. Dat Mineral, dat et am dackste gëtt, de Quaarz (SiO2) gëtt an der daitschsproocheger Literatur zu den Oxide gezielt, am angloamerikanesche Schrëfttum awer zu de Silikater.