Schiaparelli (Marskrater)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Schiaparelli ass een iwwer 450 km grousse Marskrater um Equator vum Roude Planéit. Et ass ee vun de gréissten Aschlagkrater um Mars a läit beim Sinus Sabaeus tëscht zwou Landschaften, déi am 19. Joerhonnert d'Nimm Arabia an Noachis kruten.
Méi Informatiounen Eegenschaften ...
Schiaparelli | |
---|---|
Eegenschaften | |
Koordinaten | 02° 42' S, 96° 42' O |
Duerchmiesser | 458 km |
Eponym | Giovanni Schiaparelli |
Zoumaachen
De Krater gouf ëm 1970 vun den US-Marssonde kartographéiert an nom Marsfuerscher Giovanni Schiaparelli (1835–1910) genannt, dem Entdecker vun de visuelle Marskanäl.