Sankt Péitersbuerg
zweetgréisste Stad vu Russland / From Wikipedia, the free encyclopedia
Sankt Péitersbuerg (russ.: Санкт-Петербург) ass mat 4.953.219 Awunner (2012) déi zweetgréisst Stad a Russland an nach souguer déi nërdlechst Milliounestad vun der Welt. Si läit am Nordweste vum Land, op der Mëndung vun der Newa am Oste vum Finnesche Golf.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Land, Federatiounskrees ...
Sankt Péitersbuerg | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Nordwestrussland |
Status | Stad mat Subjektstatus |
Regioun | Sankt Péitersbuerg |
Gegrënnt | 1703 |
Awunner | 5.384.342 (1. Januar 2021) |
Fläch | 1431 |
Koordinaten | 59°57'N, 30°19'O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 812 |
Postcode | 199406 |
Websäit | http://gov.spb.ru |
Zoumaachen
Sankt Péitersbuerg, 1703 vum Zar Péiter de Groussen gegrënnt, gëtt dacks "Venedeg vum Norde" genannt. Et bestécht awer net nëmmen duerch seng vill Kanäl, mä gëllt mat senge ville Paläst a senger grousser Zuel vu Kënschtler als heemlech Kulturhaaptstad vu Russland. D'Bannestad gehéiert zum Weltierwe vun der UNESCO. Donieft huet d'Stad als wichtegste russeschen Ostmier-Hafen och eng grouss wirtschaftlech Bedeitung.