San Pedro (Vulkan am Chile)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De San Pedro ass en aktive Schichtvulkan an der chileenescher Atacamawüst, an der Regioun Antofagasta, no bei der Grenz mat Bolivien. En ass 6.145 m héich an domat ee vun den héchsten aktive Vulkaner op der Äerd.
De San Pedro ass en Zwillingsvulkan mat zwou Spëtzten. Am Weste läit de San Pedro an am Osten de 6092 m héije San Pablo.
1960 war dee bis ewell leschten Ausbroch vum San Pedro (Stand 2023).