Routhirsch
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Routhirsch (Cervus elaphus) ass eng Aart aus der Gattung Cervus, bannent der Famill vun de Cervidae. A Mëtteleuropa ass de Routhirsch mat dat gréisst vun de wëllen Déieren, déi fräi liewen. Ursprénglech huet d'Aart an oppenen an hallefoppene Landschafte gelieft, haut ass dat bal nëmme méi nach a Bëschbiotopen. Markant um Routhirsch ass dat imposant Gewei, dat d'Männercher am Laf vun de Joren opbauen. D'Weibche vum Routhirsch gëtt "Hirschkou", dat Jonkt "Kallef". D'Männercher sinn "Hirsch"en, woubäi d'Jeeër weiderhin no der Zuel vun de Wutzen um Gewei ënnerscheeden: En "Zwielefenner" ass en Hirsch deem säi Gewei zweemol sechs Enner huet oder eemol sechs an eemol fënnef (ongrueden Zwielefenner). Wat d'Zuel vun den "Enner" méi grouss ass, wat se fir Jeeër eng méi grouss Bedeitung als Juegdtrophee hunn, a wat den Hirsch méi al ass.
Routhirsch | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Routhirsch | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Cervus elaphus Linnaeus, 1758 | |||||||||||||||||
Ënneraarten | |||||||||||||||||
Europäesche Routhirsch |
Et gëtt e puer Ënneraarte vum Routhirsch, déi an Europa an an Asie verbreet sinn;
- Europäesche Routhirsch Cervus elaphus elaphus: Kontinental-Europa a Brittesch Inselen;
- Berberhirsch (Cervus elaphus barbarus): Nordafrika;
- Korseschen oder Tyrrhenesche Routhirsch (Cervus elaphus corsicanus): Korsika a Sardinien;
- Kaukasushirsch oder Kaukasusmaral (Cervus elaphus maral): Kaukasus, Anatolien a südlech vum Kaspesche Mier.
- Bucharahirsch (Cervus elaphus bactrianus): Afghanistan, Kasachstan, Turkmenistan, Usbekistan an Tadschikistan; rar.
- Jarkandhirsch (Cervus elaphus yarkandensis): Xinjiang; et gëtt nach just eng 5.000 Déieren am Tarimbaseng. Ganz rar.
Et gëtt staark Ënnerscheeder tëscht den Ënneraarte vun de Routhirschen, wat hir Gréisst ugeet: déi op Sardinien an an der Corse z. B. si relativ kleng a gi just maximal 80 Kilo schwéier. Bei den Aarten a Mëtteleuropa sinn d'Männercher vu Kapp bis Hënner 180 bis 210 cm laang a kënne bis 110 Kilo schwéier ginn. D'Gewiicht variéiert awer bis zu 25 % jee no Joreszäit. Allgemeng geet d'Gewiicht an d'Gréisst och an d'Luucht wat ee méi vu West- an Osteuropa geet.
Wéi déi meescht aner Hirschaarten och hunn d'Routhirschen eng Rëtsch vun Drüsen, mat deene s'olfaktiv Signaler setzen an déi am Sozialliewen eng Roll spillen. Déi opfällegst ass déi sougenannt Anorbitaldrüs beim A. Si sekretéieren, besonnesch an der Brunftzäit, eng Flëssegkeet, déi net gutt richt, an déi u Beem a Gestrëps ofgeriwwe gëtt. Aner Drüse sinn d'Metatarsaldrüs, un den hënneschte Been, an d'Circumcaudaldrüs beim Schwanz vun den Hirschen. Och d'Gewei sekretéiert Flëssegkeet, fir Gerochsmarquen ze setzen.
De Pelz gëtt 2-mol am Joer, fir de Summer a fir de Wanter, gewiesselt; de Wanterpelz ass méi groelzeg brong a méi laang a méi wolleg wéi dee fir de Summer, deen éischter roudelzeg-brong ass (an der Aart den Numm ginn huet). Charakteristesch ass deen hellgroe Fleck ronderëm d'hënnescht Hamen. Männercher an der Brunft, déi a Mëttel- a Westeuropa liewen, kréien eng Zort Mähn ronderëm den Hals. D'Kaalwer hu wäiss Flecken.
D'Männercher stoussen all Joers am Fréijoer hiert Geweiof, sou datt bannent den nächste 5 Méint en neit nowiisst. Bei gudde Liewensverhältnesser gëtt d'Zuel vun den Enne bis 12 Joer ëmmer méi grouss (maximal bis ongeféier 20, d. h. 10 pro "Aascht"). Wärend d'Gewei wiisst, ass et mat enger Basthaut iwwerzunn. Mat der Zäit stierft déi Haut of, an d'Hirsche feeën, wann de Wuesstem bis fäerdeg ass, déi Basthaut un Äscht a Gestrëpps of.
Routhirschen hunn e gutt entwéckelte Gerochssënn an Aen, déi Beweegunge gutt registréieren. Si si virun allem an der Schummerecht an an der Nuecht aktiv, an hunn dofir Pupillen, déi grouss opgoe kënnen.
Routhirsche friesse Gras, Kraider, Ribben a Grompere vun de Felder, Eechelen, Buchecker, Käschten, Uebst, Pilzer, d'Schuel vun de Beem, Mooser, Flechten, jonk Knospe vun den Äscht, asw. Routhirschen idderze bis zu 10 Stonnen den Dag.
D'Routhirsche si sozial Déieren a liewe gewéinlech am Ruddel. D'Ruddele bleiwe gewéinlech an der selwechter Géigend, an hir Gréisst hänkt vum Biotop of wou se liewen.
Déi erwuessen Déiere liewen, ausser an der Brunftzäit, a Ruddelen, déi no Geschlechter getrennt sinn. D'Kaalwer liewen am Ruddel bei hirer Mamm. Männlech Hirsche kënnen, wa se méi al sinn, och alt Eenzelgänger sinn. Wa s'am Ruddel sinn, da gëtt duerch Imponéieren an Dreeën, och alt duerch Dueller, eng hierarchesch Ranguerdnung opgestallt.
D'Brunftzäit ass a Mëtteleuropa am September, bis an den Oktober eran. D'Hirsche léisen dann hire Ruddel op a sichen déi vun de Weibercher. Well meeschtens méi wéi een Hirsch vun de Kéi ugelackelt gëtt, kënnt et dann zu Gestreits a richtege Kämpf, bis just nach een als Vainqueur Rescht bleift, dee säin Trapp Weibercher verdeedegt.
Typesch fir d'Brunftzäit sinn och d'Riff vun den Hirschen, an en intensiivt Markéiere mat Drüsesekreter an Urin vun hirem Territoire.
D'Kaalwer kommen tëscht Mëtt Mee an Ufank Juni op d'Welt, meeschtens eent pro Mamm. Si hu bei der Gebuert tëscht 6 a 14 Kilo. Si hunn, als Tarnung, wäiss Flecken op hirem Pelz, wat mécht, datt ee se kaum gesäit, wa s'ouni ze wibbelen, zesummegerullt um Buedem leien.