Robert Schuman
franséische Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Schuman, gebuer den 29. Juni 1886 am Faubourg Clausen an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz, war e franséische Politiker.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Robert Schuman. Fir de Komponist, kuckt wgl. Robert Schumann. |
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Robert Schuman | |
---|---|
De Robert Schuman 1958 bei der Iwwerreechung vum Karlspräis. | |
Gebuertsnumm | Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman |
Gebuer |
29. Juni 1886 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
4. September 1963 Scy-Chazelles |
Nationalitéit | Frankräich, Däitschland |
Educatioun |
Universitéit vu Stroossbuerg, Universitéit Bonn, Humboldt-Universitéit Berlin, Universitéit vu München, Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Affekot |
Partei | Mouvement républicain populaire |
Zoumaachen
Als franséischen Ausseminister huet de Schuman d'Grënnung vun der CECA, der éischter Europäescher Communautéit, an d'Weeër geleet (kuckt: Schuman-Deklaratioun). Spéider war de Schuman President vum Europäesche Parlament. Hie gëllt, mam Jean Monnet, als ee vun de Grënnungspäpp vun der Europäescher Unioun.