Right Livelihood Award
Auszeechnung fir d'Gestaltung vun enger besserer Welt / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Right Livelihood Award (RLA) (iwwersat ongeféier „Präis fir gerecht, adequat Liewensgrondlagen“) ass eng Auszeechnung fir d'„Gestaltung vun enger besserer Welt“ déi zanter 1980 all Joer vun der Stëftung Right Livelihood Award Foundation verginn an duerch Done finanzéiert gëtt.
D'Bezeechnung „alternativen Nobelpräis“ ass an den éischte Jore vum Präis an der Ëffentlechkeet entstanen, et ass awer keng offiziell Bezeechnung. Et besteet keng institutionell Verbindung vum Präis mam Nobelpräis.