Raymond Queneau
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raymond Queneau, gebuer den 21. Februar 1903 zu Le Havre a gestuerwen de 25. Oktober 1976 zu Neuilly-sur-Seine, war e franséischen Dichter a Schrëftsteller. Säi bekanntst Wierk ass de Roman Zazie dans le métro vun 1959, deen dat Joer drop vum Louis Malle verfilmt gouf.
Raymond Queneau | |
---|---|
Gebuertsnumm | Raymond Auguste Queneau |
Gebuer |
21. Februar 1903 Le Havre |
Gestuerwen |
25. Oktober 1976 13. Arrondissement |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Dichter, Dramatiker, Romancier, Iwwersetzer, Dréibuchauteur, Mathematiker, Schrëftsteller |
De Raymond Queneau hat schonn a senger Jugend Kontakt mat franséische Surrealisten. HIe war 1949 mat ee vu den éischten, deen d'Manifest vum Collège de Pataphysique, dat op den Alfred Jarry zeréckgeet, ënnerschriwwen huet. Méi spéit huet hie mam François Le Lionnais d'Kollektiv OuLiPo gegrënnt, zu deem och d'Schrëftsteller Georges Perec an Italo Calvino gehéiert hunn. Gläichzäiteg huet hien als Direkter vun der Encyclopédie de la Pléiade fir de Verlag Gallimard geschafft. 1951 gouf hie Member vun der Académie Goncourt.