Ray Milland
brittesche Schauspiller a Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Ray Milland, gebuer als Reginald Alfred Truscott-Jones den 3. Januar 1907 zu Cymla Mountain, Neath, Wales a gestuerwen den 10. Mäerz 1986 zu Torrance, Kalifornien war e walisesche Schauspiller a Filmregisseur.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ray Milland | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alfred Reginald Jones |
Gebuer | 3. Januar 1907 |
Gestuerwen | 10. Mäerz 1986 |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Televisiounsregisseur |
Partei | CRP |
Zoumaachen
De Ray Milland ass a sengen éischte Filmer och als Raymond Milland opgetrueden. Hie war an iwwer 170 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.
Ënner der Regie vum Billy Wilder huet hien an zwéi Filmer The Major and the Minor (1942) a The Lost Weekend (1945) matgespillt. Am Krimi Dial M for Murder (1954) vum Alfred Hitchcock war hien de Partner vun der Grace Kelly. De Kultregisseur Roger Corman huet hien och fir zwéi Filmer engagéiert an zwar am Joer 1962 fir de Grujelfilm a The Premature Burial an 1963 fir de Science-Fictionfilm X.