Ralph Richardson
brittesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Ralph David Richardson, gebuer den 19. Dezember 1902 zu Cheltenham an England a gestuerwen den 10. Oktober 1983 zu London, war en englesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ralph Richardson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ralph David Richardson |
Gebuer |
19. Dezember 1902 Cheltenham |
Gestuerwen |
10. Oktober 1983 London |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Meriel Forbes |
Zoumaachen
De Ralph Richardson huet nieft dem Laurence Olivier an dem John Gielgud zu de bedeitendste brittesche Charakterduersteller vu senger Generatioun gezielt. Am Theater hat hie mat Rollen a Shakespeare-Stécker vill Erfolleg.
Hie war an iwwer 80 bekannte Kinos- an TV-Filmer ze gesinn, wéi: Anna Karenina (1948) vum Julien Duvivier, The Fallen Idol (1948) vum Carol Reed, Richard III (1955) vum Laurence Olivier, Exodus (1960) vum Otto Preminger an Doctor Zhivago (1965) vum David Lean.