Rafle du Vélodrome d'hiver
From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Rafle du Vélodrome d'hiver oder Rafle du Vel' d'hiv' ass eng Razzia gemengt, bei där de 16. a 17. Juli 1942 déi franséisch Police eng 13.000 Judden (dorënner iwwer 4.000 Kanner) aus Paräis an der Ëmgéigend festegeholl huet an am Vélodrome d'Hiver (Vél' d'Hiv genannt) fir e puer Deeg agepercht huet, ier se dann, iwwer Sammellagere baussent Paräis, an d'Vernichtungslager an Osteuropa deportéiert goufen.
D'Pläng vun der Deportatioun vu virun allem apatriden an auslännesche Judde goufen zesumme vu franséische Beamte vum Vichy-Regime a vun däitschen, 1942 ënner dem Code-Numm Opération Vent printanier ausgeschafft. Déi meescht vun hinne ware Flüchtlingen aus Osteuropa, Däitschland, Éisträich an aus der Tschechoslowakei. D'Rafle war iwwerhaapt eréischt méiglech ginn, well en Dekreet vun der däitscher Besatzung vum 21. September 1940, d'jiddesch Bevëlkerung an der Besater Zon gedoen hat, sech registréieren ze loossen (zënter 1874 gouf et keng Regëschteren iwwer Reliounszougehéieregkeet). D'franséisch Police krut d'Lëscht vun de betraffene Leit, Fichier Tulard genannt (nom André Tulard, dem Chef vun den "Affaires juives" an der Paräisser Préfecture).
D'Rafle du Vel' d'Hiv war net déi éischt Rafle vu jiddesche Leit a Frankräich. Schonn de 14. Mee 1941 goufen eng 4.000 Männer festgeholl an op d'Gare d'Austerlitz bruecht, vu wou se op Pithiviers a Beaune-La-Rolande bruecht goufen.
De René Bousquet, Generalsekretär vun der Police nationale, an de Louis Darquier de Pellepoix, Chef vun den "Affaires juives" sinn de 4. Juli 1942 an d'Haaptquartéier vun der Gestapo gaangen, fir d'Ausféierung mam Theodor Dannecker an dem Helmut Knochen vun der SS ze beschwätzen. Si ware vun aneren héichrangeche Policeoffiziéier begleet. D'Rafle gouf e puer Deeg no hanne verluecht, fir net mam Quatorze juillet zesummenzefalen, deen zwar net gefeiert huet dierfe ginn, mee 't wollt ee keng Onroue provozéieren. Fir et der franséischer Police manner "pénibel" (sou de Bousquet) ze maachen, gouf decidéiert, nëmme Judden, déi keng Fransouse wieren, festzehuelen.
Op d'mannst 4.500 franséisch Poliziste waren un der Rafle bedeelegt. Der Préfecture de police no goufen am Ganzen 13.152 Leit festgeholl, dorënner 5.802 (44%) Fraen an 4.051 (31%) Kanner. Eng onbekannt Zuel vu Leit, déi entweeder vun der Resistenz gewarnt goufen, sech bei Nopere verstoppe konnten, oder well verschidde Polizisten (express oder net) sech net extra geflass hunn, konnten der Rafle entwutschen.
Déi meescht vun de verhafte Leit goufen an engem Vëlodrom zesummegepercht, ënner deem sengem gliesenen Daach et daagsiwwer vun Hëtzt bal net auszehale war. Et gouf keng Toiletten, just ee Krunn mat Waasser, an déi wéineg Hëllefsorganisatiounen, déi erbäigeruff goufen, konnte just wéineg Waasser an Iesse bréngen. 5 Deeg waren d'Leit do agespaart, an 30 vun hinne sinn do gestuerwen (e puer dovun hu sech d'Liewe geholl). Déi Erwuesse goufe schliisslech a Gefaangenelageren zu Drancy, Beaune-la-Rolande a Pithiviers bruecht, vu wou aus se da mat Zich an d'KZ Auschwitz-Birkenau transportéiert goufen.