Portrait
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Portrait ass eng Molerei, eng Fotografie, eng Plastik oder soss eng kënschtleresch Representatioun vun enger oder méi Persounen. E Portrait soll net nëmmen e Glach mam Ausgesi vun enger Persoun hunn, mä och hir Perséinlechkeet oder hire Status, resp. hir Funktioun erëmspigelen.
Och bei literaresche Beschreiwungen oder filmesche Presentatioune vu Persoune schwätzt ee vun engem Portrait.
Bei Portraiten ënnerscheet een tëscht der Zuel vun de Persounen, déi duergestallt ginn (Eeenzel-, Duebel-, Dräifach- oder Gruppeportrait), dem Ausschnëtt, dee gewise gëtt oder der Haltung vun de portraitéierte Persounen (kuckt ënnendrënner); oder awer der Funktioun, déi duergestallt gëtt (z. B. en Herrscherportrait mat sengen Herrschafts-Attributen).