Philipp Reis
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Johann Philipp Reis, gebuer de 7. Januar 1834 zu Gelnhausen, am Kurfürstentum Hessen a gestuerwen de 14. Januar 1874 zu Friedrichsdorf, war en däitsche Physiker an Erfinder. Hien huet deen éischten Apparat entwéckelt, dee konnt Téin iwwer elektresch Leitungen iwwerdroen, a gëllt dofir als eng zentral Figure vun der Entwécklung vum Telefon. Ze soen niewelaanscht huet de Reis och nach de Kontaktmikrophon erfonnt an hie war deen éischten, de säin Apparat 1861 Telephon genannt huet. Hien huet ausserdeem eng Zort "Rullschlittschong" erfonnt, e Virleefer vun den Inlineskates.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Philipp Reis | |
---|---|
Gebuer |
7. Januar 1834 Gelnhausen |
Gestuerwen |
14. Januar 1874 Friedrichsdorf |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Fuerscher, Erfinder |
Zoumaachen
De Reis war scho fréi mat Tuberkulos geplot an ass mat 40 Joer gestuerwen.
Den Alexander Graham Bell huet dem Reis seng Erfindung virunentwéckelt.