Peter Ustinov
brittesche Kënschtler an de Beräicher Film, Tëlevisioun, Theater, Literatur a Musek / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Peter Alexander Baron von Ustinov, CBE, FRSA, gebuer de 16. Abrëll 1921 zu London a gestuerwen den 28. Mäerz 2004 zu Genolier am Kanton Vaud, war en englesche Kënschtler an de Beräicher Film, Tëlevisioun, Theater, Literatur a Musek.
Peter Ustinov | |
---|---|
Portrait vun 1986 | |
Gebuer | 16. Abrëll 1921 |
Gestuerwen |
28. Mäerz 2004 Genolier |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Westminster School |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Schrëftsteller, Televisiounsmoderateur, Dréibuchauteur, Dramatiker, Filmproduzent, Autobiograph, Komiker, Televisiounsschauspiller |
Member vun | Académie des beaux-arts |
Famill | |
Kanner | Igor Ustinov |
Hie war als Schauspiller a Schrëftsteller bekannt, ma och als Film-, Theater- an Opereregisseur, Bünebild-Designer, Komiker, Humorist, Kolumnist vun Zeitungen an Zäitschrëften, Radiosspeaker an Televisiouns-Presentateur, an als Auteur vun Theaterstécker, Dréibicher fir Filmer an Televisioun, vu Romaner, Novellen, Erzielungen a Sachbicher. Hie war wéinst sengem Wëssen a pointéierten Erzielungen dacks Invité vun Talkshowen, an huet Virliesunge gemaach an Audiobicher virgelies. Ausserdeem war den Ustinov en unerkannten Akadeemiker, deen Interkulturalitéit a Virurteeler erfuerscht huet. Vun 1968 bis 1974 war e Rektor vun der University of Dundee a vun 1992 bis zu sengem Doud Kanzler vun der University of Durham. Den Ustinov war och e Goodwill Ambassador vun der UNICEF a President vun der World Federalist Movement.
Hie gouf mat enger Abberzuel Präisser a Gielercher ausgezeechent, dorënner zwéin Oscaren als bescht Nieweroll (a Spartacus an Topkapi), Emmy Awards, Golden Globes an BAFTA Awards als Schauspiller, e Grammy Award fir déi bescht Opnam fir Kanner, souwéi däitschen, franséischen, britteschen an aneren nationalen Éierenauszeechnungen, Éieren-Doktoraten, asw.
Seng Eltere ware vu russesch-däitsch-polnesch-ethiopescher Ofstamung, hie selwer ass an England opgewuess an huet 6 bis 8 Sprooche geschwat.
Zu senge bekanntste Filmrollen zielen déi vum réimesche Keeser Nero a Quo Vadis (1951), vum Lentulus Batiatus a Spartacus (1960), dem Captain Vere a Billy Budd (1962), engem ale Mann a Logan's Run (1976), an an enger hallwer Dose Filmer vum Detektiv Hercule Poirot.
Seng Autobiographie, Dear Me, koum 1977 eraus.