Paul Mazursky
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Mazursky, gebuer de 25. Abrëll 1930 zu New York a gestuerwen den 30. Juni 2014 zu Los Angeles a Kalifornien, war en US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent. Hien huet als ee vun de bedeitende Vertrieder vum US-amerikaneschen Auteurefilm gegollt. Vill vu senge Filmer spillen zu New York an hunn dacks d'Liewe vun einfache Leit als Sujet, wéi z. B. an Next Stop Greenwich Village vun 1976.
Paul Mazursky | |
---|---|
Gebuer |
25. Abrëll 1930 New York |
Gestuerwen |
30. Juni 2014 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Brooklyn College |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur, Schrëftsteller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur |
De Mazursky, deen zu Brooklyn op Welt koum, war zanter dem Ufank vun den 1950er Joren als Schauspiller aktiv an en huet 1962 säin éischt Dréibuch fir eng Episod vun enger Tëleesserie geschriwwen. 1962 huet hie mat Last Year at Malibu e Kuerzfilm gedréint, 1969 mat Bob & Caroline & Ted & Alice säin éischte Laangspillfilm.
Zanter 1973 huet hie vill vu senge Filmer selwer produzéiert.